Freides a Samschdes de 05 a 06 Januar 2024
Kennt Dir gudde Schlof ERLIEWEN.
Mir hunn eis eicht Stoll Experience Days an eiser Produktioun zu Ehlerange.
Wat et do gëtt?
De Sportwëssenschaftler a Schlofexpert Stefan Schmidt scannt Iech de Réck an 3-D fir Iech déi optimal Matrasse ze fannen.
D’Bojana vu Bojana-Flow mécht Yoga-Couren a Workshops déi fir Ufänger oder onsportlech Leit gëeegent sinn. (Méi detailler fannt Dir hei méi wäit ënnen).
D’Massotherapeutin Sandra Haeckler vun « Etre-Présent » verwinnt Iech mat klenge Massagen an erklärt Iech wei dir mat Reiki zu engem bessere Wuelbefannen a bessere Schlof kommt.
De Psychologe an Hypnotherapeut Enrico Abitelli weist Iech wei ee mat Hypnose besser aschléift an och duechschleift a weieng Psychologesch Tricken nach hëllefe kennen.
D’Myriam Boehler vu Scentsy presentéiert Iech déi aktuell Defter vun der Saison déi Iech an de Schlof wéien.
Den Yves Schroeder, Direkter vu Stoll Maître Matelassier feiert Iech hannert d’Kulisse vun der Matrassefabrikatioun a feiert duerch eis Produktioun.
Et geet lass e Freideg vun 9h30 bis 21h00 an Samschdes vun 9h30-18h00.
Folgend Workshops si virgesinn: